"Crise oubliée" am Niger

- Ein Artikel von Marta, Lilith, Alicia und Dzejlana des Lycée Nic Biever (2022)

 

D’Krise ware schonn ëmmer omnipresent an der mënschlecher Geschicht. Vill Krise ginn awer leider vergiess oder esou guer ignoréiert. Esou ee Fall fënnt een am Niger, en Land am Weste vun Afrika.

 

Problemer vun deene keen oder bal keen eppes héieren huet si begrenzte Fraerechter a Genitalverstümmlung : D’Frae gi gezwongen sech an engem jonken Alter ze bestueden an hunn d’Recht net fir sech selwer oder iwwert hiert Privatliewen ze entscheeden. Des Affirmatioun betrëfft 55% vun de Fraen zweschen dem Alter vu 15-49. De Problem ass leider net nëmme present an Niger an aner afrikanesche Länner, mee och an Asien, Europa, a Latäinamerika.

 

Di eenzeg Aart a Weis dee Problem ze léise wier dass d’Ongläichheet zweschen de Fraen an de Männer opgehuewe gëtt, esou dass de Fraen erméiglecht gëtt fir sech selwer an iwwert sech selwer Entscheedungen ze treffen. An deem Fall géifen d’Männer zu engem Verbündete ginn a sinn esou gezwongen de Fraen hier Entscheedungen ze akzeptéieren.

 

En anere grousse Problem op dee mir wellen opmierksam maachen, ass d'Genitalverstümmlung bei de Fraen. Dobäi handelt et sech em d'Ofschneide vum Genitalbereich an dest meeschtens ouni Narkose a mat Raséiermesseren a Glassschiebelen. Dat verursaacht kierperlech a seilech Leiden. Dësen Agrëff gëtt oft am Verdeckte gemaach, well et a ville Länner verbueden ass, dowéinst ass den Prozentsaz esou niddreg, manner ewéi 11%.

 

Seid 2003 ass déi weiblech Genitalverstümmlung am Niger verbueden a ka mat 6 Méint bis 3 Joer Prisong bestrooft gi. Géif d’Meedchen awer beim Agrëff em d'Liewe komme gëtt et eng Strof vun 10 bis 20 Joer verhaangen. Dësen Agrëff gëtt meeschtens bei jonke Fraen duerchgefouert, entweder direkt no der Gebuert oder réischt wärend der Pubertéit, doduerch gi si heiratsfäheg.

 

Des Prozedur ass Kierperverletzung, ausserdeem brengt et Leiden, Erniddregung a liewenslaange Komplikatioune mat sech.

 

Genitalverstümmlung gëtt haaptsächlech an Afrika, Asien an am Mëttleren Oste praktizéiert, mee ass awer och an Europa verbreet. Kierperlech Folge sin zum Beispill: schwéier Entzündungen, staark Bluddungen di zum Dout feiere kennen, Tetanus, Iwwerdroung vu Krankheeten ewéi HIV oder Aids duerch d'Benotze vu knaschtegem Material, a Verloscht vum sexuelle Pläseier. Seilech Folgen sinn zum Beispill: Depressiounen, Angschtzoustänn, a wéineg Selbstbewosstsinn.

 

Mat eiser Reportage welle mir des Praktiken kondamnéieren an hoffen drop, dass eisen Artikel e puer Leit d’Aan opgemeet huet.


Disclaimer

Toutes les opinions exprimées par les « Correspondants Humanitaires » sont uniquement leurs opinions actuelles et ne reflètent pas les opinions de CARE International, CARE Luxembourg a.s.b.l., d'autres bureaux de CARE et leurs affiliés. Les opinions des « Correspondants Humanitaires » sont basées sur des informations qu'ils considèrent comme fiables, mais ni CARE Luxembourg a.s.b.l., ni ses affiliés et partenaires ne garantissent leur exhaustivité ou leur exactitude, et elles ne doivent pas être considérées comme telles.

 

Les « Correspondants Humanitaires » sont des étudiants (pour la plupart mineurs) des lycées luxembourgeois qui ont participé à trois ateliers guidés par CARE Luxembourg a.s.b.l. et ont été chargés de faire leurs propres recherches sur les pays proposés. CARE Luxembourg a.s.b.l. se réserve le droit de modifier la forme des articles mais ne changera pas le contenu du matériel afin de respecter le travail des étudiants et leurs points de vue.